What's on

Maison viticole Schmit-Fohl

Weinkostproben

Wein / Crémant Coupons
Crémant Schmit-Fohl Brut 5 cl 1
Riesling Ahn Vogelsang 2020 Bio 5 cl 1
Auxerrois Ahn Goellebour 2020 Bio 5 cl 1
Pinot Gris Wormer Waïbour 2020 Bio 5 cl 1

 

Um Ufer vun der Musel, am Duerfkär vun Ohn, gouf d’Haus Schmit-Fohl am 18. Joerhonnert gegrënnt. Wéi den Armand an d‘Patrizia Schmit 1985 de Wënzerbetrib iwwerholl hunn, wollte si dat wat déi Generatiounen virdrun opgebaut hunn, mat hirer Visioun a Perséinlechkeet weiderféieren. D‘Innovatioun ass kee Selbstzweck. Et geet éischter drëms ze experimentéieren, enger Intuitioun nozegoen, opgrond vun erschaaffenem Wëssen, den Terroiren an dem Klima, ouni eppes vun der Authentizitéit opzeginn, déi d’Wäiner vun dësem Haus charakteriséiert. 2016 huet hiren eelste Jong Nicolas de Betrib iwwerholl, ëmmer vu sengen Elteren begleet, a säit 2019 schafft och säi Brudder, de Mathieu, mat am Betrib. Zënter 2017 ginn all hier Wéngerten biologesch bewirtschaftet.