What's on

Wënzerverband

 

 

Weinkostproben

Wein / Crémant Coupons
Pinot Gris Grevenmacher Pietert 2019 5 cl 1
Pinot Blanc Grevenmacher Pietert 2019 5 cl 1
Riesling Wormer Péiteschwéngert 2019 5 cl 1

 

Gegrënnt gouf de Verband 1911 a war a sengen éischten 90 Joer haaptsächlech als Beruffsvertriedung fir d’Wënzer an an der Promotioun vum Lëtzebuerger Wäin täteg.
Mat der Zäit hunn sech d’Aufgabe vum Wënzerverband weiderentwéckelt. Am Joer 2003 huet de Verband d’Chance fir sech a fir d’Regioun erkannt, mam LEADER-Programm en europäescht Finanzéierungs- an Entwécklungsinstrument op d’Musel ze kréien. Dat war de Startschoss fir sech der Regionalentwécklung unzehuelen.

Haut ass de Wënzerverband d’Haus vun der regionaler Entwécklung mam LEADER Miselerland, dem Terroir Moselle, EOM an dem Buttek mat 100% Lëtzebuerg.
Als Resultat vun der Ufankszäit ass de Verband nach ëmmer Proprietär vu Wéngerten an prestigiéise Loen.

Am Maacher Pietert wuessen eise Pinot Blanc an eise Pinot Gris. D‘Vinifikatioun vun dëse Wäiner iwwerhëllt d’Kellermeeschtesch vun der d’Vinsmoselle, Charlène Muller.
De Peitéschwéngert ze Wuermer ass den eelste Wéngert op der Lëtzebuerger Musel. Dëse Wéngert vum Wënzerverband gouf am Joer 1921 ugeplanzt an d’Vinifikatioun vun dësem eenzegaartege Riesling realiséiert zënter 2020 den Abi Duhr (Château Pauquet, Gréiwemaacher).