What's on

Domaine Viticole Schumacher Lethal et Fils

Dégustation de vin

Vin / Crémant Coupons
Auxerrois Pietert 2020 5 cl 1
Riesling Wousselt 2019 5 cl 1
Gewurztraminer Wousselt 2019 5 cl 2
Rosé du Domaine 5 cl 1
Crémant Cuvée Pierre 5 cl 1

 

Wäin ass hier Passioun. An et ass dës Passioun, déi d’Wënzer vum Betrib Schumacher-Lethal undreiwen, all Joers op e Neits expressiv an individuell Wäiner ze produzéieren. Wäiner, déi de spezielle Charakter vun hire Lagen am Museldall zum Ausdrock bréngen.

Hier Wäiner si weder eenheetlech nach austauschbar, mee verkierperen déi Diversitéit déi esou typesch fir de Muselwäin ass. Jiddereen, deen, wéi si, dem Wäin gerecht wëll gi, muss d’Zesummespill vu Buedem, Klima a Wéngerte verstoen a spieren. Dofir kultivéiere si hier Wéngerten esou naturno wéi méiglech, well nëmmen esou kënnen elo an an Zukunft eenzegaarteg Wäiner a Crémanten entstoen.